D'Emgeigend

Eist Haus läit metten an der Natur a soumatt wäit ewech vun Kaméidi.
D'Soup besteet aus nemmen 5 Heiser, déi auserneen gespreet leien.

50 Meter vum Haus, op der fréiren Trass vum Jangeli, ass den Accès opp eng Velospist.
Vill Spazéierweer sinn an der direkter Nooperschaft, an vum Haus aus bequem zu Fous ze erreechen.

D'Fiels (Larochette) , matt senger mëttelalterlecher Buerg, an Meesenbuerg, matt sengem märchenhaften Schlass
an sengem Weier, leien alleguer an eisem direkten Emmkrés.

De Mëllerdall (Müllerthal), eng vun deenen schéinsten Géigenden am Land, ass ganz nobei.

Ech maachen mir eng Freed draus fir Iech déi gudd Restaurants aus der Géigend unzeginn.