Är Wunneng besteet aus engem Schloofzëmmer, matt engem Duebelbett, engem Salon, matt TV, Radio-Stereosanlag,
Frigo an alles waat Dir braucht fir Iech e Biitz Téi ze maachen, engem Buedzëmmer (Buedbidden matt Dusch),
an enger separater Toilette.

An ärer Entrée steet eng Bibliothéik matt villen Bicher, fir eventuell reenech Momenter.

Dir hudd en eegenen Schlëssel fir är separate Entrée.

Virun ärer Dir ass eng kleng Terrass, matt Gaart, Blumen, Dësch an Sonnenprabbeli.

Ech hunn mer vill Méi gin matt der Dekoratioun vum Schloofzëmmer, fir dass Dir Iech wuel hei spiert.

D'Vü aus ärem Zëmmer geet gleich an d'Grengs.

Eist Haus leit weit vun all Kaméidi, dofir genéisst déi absolut Rou bei eis Nuets.

De Salon ass gemiddlech an sonnech ageriicht.

Hei zervéiren ech Iech gär eng gudd Taass Téi oder Kaffi, wann ett Iech dono ass.

De Kanapee kann och als Zousatzbett gebraucht gin, z.B. fir en Kand.
An deem Fall froen ech en Supplement vun 30,- € fir d'Nuecht.

Bei guddem Wieder, a wann der Loscht hudd, kann ech Iech hei ären "breakfast" zerwéiren (selbstverständlech ouni Hond).
An der Stuff - a wann ett kaal dobaussen ass, och bei engem gemiddlechem Feier an der Schminni - zerwéiren ech Iech ären Moieskaffi.

Dir kënnt mir owes soen waat Dir moies fir den Kaffi wenscht, Eer, luesgekacht oder matt Speck, Haam, Kéiser (och Kachkéis, sälwer préparéiert), Kaffiskichelcher frësch vum Bäcker, Muessli, Uebstzaloot, asw.